arrow_back_ios
Aktuelles
Impfsommet mat Verspriechen
En Impfsommet tëscht der däitscher Kanzlerin an de Ministerpresidente vun de Länner sollt d'Äntwert bréngen - op d'Fro, firwat den Ufank vun den Impfungen esou lues verlaf ass. No engem Nomëtteg Gespréicher tëscht der Politik an den Impfstoff-Produzenten ass kloer: De Vaccin bléift fir d'Bundesrepublik och an de nächste Woche nach knapp. D'Kanzlerin huet sech trotzdeem optimistesch gewisen.