arrow_back_ios
Aktuelles
Covid: D'Belsch verbitt net-wesentlech Reesen an d'Ausland
Zanter dësem Mëttwoch a bis den 1. Mäerz ass et de Belsch generell net méi erlaabt an d'Ausland ze reesen. Domat soll verhënnert ginn, beim Retour aus der Fuesvakanz eng nei Well vun Infektiounen ze provozéieren, wéi dat virun engem Joer de Fall war. Ausname ginn ët just fir professionell an urgent Deplacementer.