Den 30. Januar 1882 kënnt de Franklin Delano Roosevelt op d'Welt. 1910 fänkt seng politesch Karriär un als demokratesche Kandidat am Senat zu New York. 1921 erkrankt hien un der Kannerlämung, ënnert deene Folgen hien bis zu sengem Dout leit. 1932 gëtt hien zum 32. President vun den USA gewielt. Hien sollt och an de Joren 1936, 1940 an 1944 déi Walen fir sech entscheeden. Dass eng Persoun nëmmen fir 2 Amtszäiten President vun den USA ka sinn, gouf eréischt nom 2. Weltkrich an d'Verfassung geschriwwen. De Franklin D. Roosevelt, deen kuerz virum Enn vum Zweete Weltkrich stierft, ass domadder deen US-President mat der längster Amtszäit.
arrow_back_ios
Dagdeeglech
Virun 139 Joer Gebuert vum Franklin D. Roosevelt
Episoden
Virun 215 Joer koum den Emmanuel Servais op d'Welt
Lëtzebuerger Politiker an Auteur
Der Titanic hir éischt a lescht Rees
Den 10. Abrëll 1912 huet am englesche Southampton der Titanic hir éischt a lescht Rees ugefaangen.
Ermordung vum Martin Luther King Jr.
Haut (4.4.) op den Dag genee virun 58 Joer gouf de Martin Luther King Jr. erschoss.