Aktuelles
Sexting: "Keen harmlose Kavaléiersdelikt"
Sexting ass net jidderengem ee Begrëff, mee et ass ee wäit verbreete Phänomen - doriwwer sinn d'Police, d'Justiz an Acteuren aus dem Beräich vun der Schoul an der Internetsécherheet sech eens. Et geet ëm d'Verschécken an d'Verbreede vun intime Fotoen a Videoen - wou déi Betraffe meeschtens plakeg drop ze gesi sinn. Wat kann als harmlosen Deel vun der Privatsphär gesi ginn, ass a Wierklechkeet zum Deel ee grousse Problem. An de leschten dräi Joer huet d'Police 40 Prozent méi Plainten an Zesummenhang mat Sexting opgeholl. Grond genuch fir d'Autoritéiten, méi staark ze sensibiliséieren. E Bäitrag vum Christiane Kleer.