arrow_back_ios
Aktuelles
Lëtzebuerger Studenten ze Paräis
D'Studenten an d'Studentinnen hunn et wärend der Corona-Pandemie net einfach. A Frankräich hunn se dowéinst lescht Woch demonstréiert. De Staatspresident Emmanuel Macron huet als Reaktioun dorobber den Donneschden nei finanziell Hëllefen annoncéiert. Dovunner sinn och iwwert 2000 Lëtzebuerger Studenten a Studentinne betraff, déi a Frankräich studéieren.