arrow_back_ios
Commentaire
D'AfD am Viséier vum Verfassungsschutz
An dëser Woch kéint d'Alternative für Deutschland vum däitsche Verfassungsschutz als Verdachtsfall a Saache Rietsextremismus agestuuft ginn. Zanter zwee Joer gëtt dës Méiglechkeet scho gepréift, elo ass eng Expertis do - 1.000 Säite laang. Nach ass awer keng endgülteg Decisioun gefall - d'Urteel soll juristesch nämlech bommesécher sinn, seet eisen Däitschland-Korrespondent Matthias Kirsch.