arrow_back_ios
Aktuelles
Portugal wielt, och zu Lëtzebuerg
E Sonndeg si Presidentschaftswalen a Portugal. Och hei am Land sti 44.600 Portugisen op der Lëscht fir mat wielen ze goen. Gewéinlech ass den Taux d'abstention héich, souwuel a Portugal selwer, wéi och bei der lusophoner Communautéit zu Lëtzebuerg. Vill vun de Portugisen hei am Land géife sech net fir d'Politik vu Lissabon a ronderëm interesséieren, seet de portugiseschen Ambassadeur zu Lëtzebuerg, António Gamito. Dat kéint awer bei dëse Walen e bëssen anescht sinn. D'Christiane Kleer huet Detailer.