Aktuelles
Impfcampagne an Nordkanada
5 min
Zanter bal dräi Woche gëtt hei zu Lëtzebuerg géint de Coronavirus geimpft. Och wann den Impfstoff hei ëmmer nach knapp ass, war dat net onbedéngt eng logistesch Erausfuerderung. An Nordkanada ass dat anescht. Duerch de Wanter sinn déi meescht Dierfer inaccesibel. Trotzdeem sollen d'Awunner d'Méiglechkeet kréien, sech kënne vaccinéieren ze loossen. Gëschter huet do d'Impfcampagne a groussem Mooss ugefaangen. Bis Ënn Mäerz solle 75 Prozent vun der Bevëlkerung geimpft ginn.
Iwwer déi logistesch, awer och gesellschaftlech Problemer vun dëser Impfcampagne, bericht eise Kanada-Korrespondent Léonardo Kahn.