Aktuelles
Nei Hotline: Patrone kréien elo och psychologesch Hellef
6 min
"Trau dech!" - mat dësem optimistesche Slogan goufen d'Leit jorelaang dozou encouragéiert hiren eegene Betrib opzemaachen. An der Covid-Kris stoussen der awer elo eng ganz Rei vun deenen, déi sech getraut hunn, un hir Grenzen - an zwar net just ekonomesch, mee och ganz perséinlech.
Den Drock ass an der Kris esou grouss, datt vill Patrone psychologesch net méi domat eens ginn. Fir datt hiert Leed net ze grouss gëtt, kréie si elo Hëllef ugebueden.
De Rick Mertens huet nogefrot, wéi déi ongewinnten Initiativ zustane koum.