arrow_back_ios
Klassik aktuell
Johann Sebastian Graupner?
headphones
5 min
Lauschteren
play_arrow
Den 13. Januar 1683 gëtt de Komponist an Cembalist Christoph Graupner um Kierchbierg gebuer. Net um Kierchbierg zu Lëtzebuerg an der Stad, mee am sächseschen Erzgebirge. No enger ganzer Rei Coursen an der Musek an Etüden am Droit, gëtt hien am Alter vun 28 Joer Hofkapellmeister beim Landgrof Ernst Ludwig von Hessen-Darmstadt. Bis zu sengem Doud ass hien um Haff vum Landgrof bliwwen, obwuel hie bal Thomaskantor zu Leipzig gi wier an domat dem Johann Sebastian Bach d'Méiglechkeet op dës Positioun geholl hätt.