Den Handelsvertrag tëschent der EU a Groussbritannie war a leschter Minutt op Hellegerowend zustane komm. En ass zanter dem 1. Januar a Kraaft, allerdéngs just provisoresch.
Wat nach aussteet, ass de Feu vert vum Europaparlament. Vun dëser Woch un gëtt den Accord am Parlament an den zoustännege Kommissiounen duerchgeholl. Gëschter gouf domat ugefaangen. Zum Beispill an der Fëscherei-Kommissioun, wou et duerchaus Kritik gouf un deem, wat do ausgehandelt gouf.
Detailer vum Danièle Weber