Aktuelles
"Dat touchéiert mech da schonn ..."
Zanter zéng Méint geheit Corona de Schoulalldag op d'Kopp ... an et kéint nawell gutt sinn, datt dat nach e Strapp esou virugeet. An deem Kontext - no der Iwwergangswoch mat Homeschooling fir 2021 unzefänken, an éier et am Modus vu virun der Chrëschtvakanz an de Schoule virugeet - war den Educatiounsminister Claude Meisch den 9. Januar Invité an der Emissioun Riicht eraus. Mat him goung net nëmme rieds iwwer seng Gestioun vun der Covid-Kris, mee och iwwer d'Kritik u senger Persoun, där hie reegelméisseg ausgesat ass. De Maurice Molitor resuméiert déi wichtegst Aussoen.