arrow_back_ios
Aktuelles
D'Gëlle Fra alt nees am Mëttelpunkt vun enger Polemik
Firwat gëtt, bei der Gëlle Fra, un déi Lëtzebuerger erënnert, déi als Zaldot am Korea-Krich waren - an de Lëtzebuerger Spueniekämpfer bleift déi selwecht Unerkennung verwiert? Déi Fro stelle sech d'Amis des Brigades internationales, a mat hinnen d'LSAP-Deputéiert Mars Di Bartolomeo an Dan Biancalana no der Äntwert, déi de Premier Xavier Bettel kuerz viru Chrëschtdag op eng parlamentaresch Fro zum Sujet ginn huet.
E Bäitrag vum Maurice Molitor iwwer d'Hannergrënn vun enger Polemik, déi net nei ass.