arrow_back_ios
Aktuelles
Covid-19-Vaccin eenzeg Léisung, mee zousätzlech Mesurë sinn néideg
Dem Professer Dirk Brenner no misst een d'Laangzäitrisike vum Vaccin an déi vun der Covid-19-Krankheet géinteneen ofweien. An hei wier de Vaccin déi kloer besser Optioun, esou de Professer vum Luxembourg Institute of Health a vun de Uni Lëtzebuerg. Deemno soll déi ganz Bevëlkerung esou séier wéi méiglech geimpft ginn. Allerdéngs dierft d'Anti-Corona-Strategie sech net just op d'Impfung fokusséieren, mee et bräicht een zousätzlech Mesuren. D'Maxi Pesch huet mam Dirk Brenner geschwat.