arrow_back_ios
Aktuelles
Blockéiert a Bosnien: Noutsituatioun op der Balkanroute
A Bosnie sinn den Ament eng 1.500 Flüchtlingen dem Wanter ausgeliwwert, well si keen Daach méi iwwer dem Kapp hunn. Hire Flüchtlingscamp war d'lescht Woch a Brand gesat ginn. Virdrun hat d'IOM, d'UN Organisatioun fir Migratioun, d'Zoustänn am Camp kritiséiert, well et kee fléissend Waasser, Elektrizitéit oder eng Heizung gouf.
D'Isabel Scott huet mat der éisträichescher Hëllefsorganisatioun SOS Balkanroute geschwat.