Aktuelles
Op der Sich no de Medezinstudenten
Fir Dokter ze gi muss ee gewéinlech laang am Ausland studéieren. An där Zäit bauen d'Medezinstudente sech dacks hiert Liewen am Ausland op an decidéieren am Ufank mol net méi zeréck op Lëtzebuerg schaffen ze kommen. Mee et ginn och aner Grënn, wisou jonk Dokteren am Ausland bleiwen an domadder d'Gefor fir eng Penurie hei am Land besteet, seet eng rezent Etüd vun der ALEM, der Associatioun vun de Medezinsstudenten.
D'Maxi Pesch huet mat der Associatioun a mat jonken Doktere geschwat, déi de Choix getraff hunn, elo mol net op Lëtzebuerg ze kommen.