Aktuelles
Resumé vum Joer an den USA
D'USA, oder op d'mannst eng Hallschent vum Land, kuckt mat Optimismus Richtung 2021. Demokrate kënne sech op en Enn vu véier Joer Presidence vum Donald Trump freeën. Hie selwer wäert awer nach laang iwwer d'Joer 2020 nodenken. Hie seet weiderhin, datt hien de Gewënner vun de Wale war, an datt den Joe Biden just mat der Hëllef vu Walbedruch an d'Wäisst Haus komme konnt. Eng weider Lige vum US-President, deem säi lescht Joer un der Muecht nach méi chaotesch war wéi déi dräi Joer virdrun.
Eise Washington-Korrespondent Philip Crowther mat engem Resumé vum Joer 2020 an den USA