Aktuelles
Jugendschutz a Jugendstrofrecht: Wou ass den Dossier drun?
Dat aktuellt Jugendschutzgesetz vun 1992 soll zanter Jore reforméiert ginn. Nodeems de Staatsrot zum éischte Gesetzesprojet viru bal zwee Joer 24 formell Oppositioune formuléiert hat an och soss Bedenke geäussert gi waren, gouf Ufank des Joers decidéiert, den Text ze iwwerschaffen an an zwee opzedeelen: E Volet Jugendschutz, an e Volet Jugendstrofrecht. Déi zwee Texter solle bis d'Enn vum nächste Joer fäerdeg sinn.
Fir de Volet vum Jugendstrofrecht läit en éischten Entworf vum Justizministère vir, dee soll elo an d'Consultatioun bei de Parquet, d'autorité judiciaire, goen. An Zukunft dierfen deemno keng Mannerjäreger méi an engem Erwuesseneprisong placéiert ginn. An et gëtt no enger Alternativ zu der UNISEC zu Dräibuer als Jugendprisong gesicht.
Wat de Volet Jugendschutz ubelaangt, géif et nach kee sprochräifen Text. Wichteg wier et hei virun allem, fir d'Prozedure ronderëm schutzbedierfteg Jugendlecher esou wäit wéi méiglech ze dejudiciariséieren.
D'Paule Rodesch huet nogefrot, wou d'Aarbechten an deem Dossier dru sinn.