arrow_back_ios
Klassik aktuell
Bach an Demokratie
Wéi de katalanesche Cellist Pablo Casals 1973 stierft, ass hien an der Musekszeen an och a politesche Kreesser en héich veréierte Kënschtler. De Casals huet säin Instrument revolutionéiert a sech baussent dem Concertssall als engagéierte Kämpfer fir Demokratie en Numm gemaach. 1979, nom Enn um Franco-Regimm an dem Retablissement vun der parlamentarescher Demokratie a Spuenien, gëtt d'Läich vum Cellist aus dem puerto-ricaneschen Exil a seng Heemechtsstad El Vendrell iwwerféiert. Do koum de Pablo Casals den 29. Dezember 1876 op d'Welt.