Aktuelles
Brexit am Joer 2020: It ain't over yet
D'Joer 2020 ass ee weidert Joer vum Brexit. Véier Joer nodeems d'Britte sech mat knapper Majoritéit fir den "No" ausgeschwat haten, also fir d'EU ze verloossen, war et esou wäit. Dat Vereenegt Kinnekräich ass effektiv aus der Unioun ausgetrueden. Allerdéngs huet et bis Chrëschtdag gedauert, bis deen Accord um Dësch louch, deen duerno d'Handels-Relatioune mam Vereenegte Kinnekräich reegele soll. Deen Handels-Accord soll elo den 1. Januar provisoresch a Kraaft trieden.
D'Danièle Weber kuckt zeréck an och no vir - an der "never ending" Brexit-Story.