arrow_back_ios
Kultur
Fir d'Charlotte Posenenske war Konscht ëmmer an Aarbecht
"Work in progress": esou ass der däitscher Kënschtlerin Charlotte Posenenske hir grouss Retrospektiv am Mudam iwwerschriwwen. Allerdéngs net, well d'Molerin a Sculptrice nach um schaffen oder experimentéiere wier - d'Charlotte Posenenske ass 1985 mat nëmme 55 Joer gestuerwen - mee well d'Aarbechten d'Ëffentlechkeet zum Weiderentwéckelen, respektiv participativem Notzen, motivéiere sollen. Am Mudam ass dat just begrenzt méiglech. Explikatioune Kerstin Thalau