arrow_back_ios
Aktuelles
Coronavirus: Antikierper bedeit net Immunitéit
Op d'mannst siwe Prozent vun der Populatioun war schonn eemol mam Coronavirus infizéiert. Zanter Enn Oktober proposéiert d'Santé e Blutttest fir ze kucken, ob eng Persoun Antikierper huet. 400 Leit hätte bis ewell matgemaach, esou den Dokter Thomas Dentzer, Virolog a Responsabele fir Covid-19-Tester bei der Santé. Den Test wier wichteg, fir ze gesi wéi d'Verdeelung am Land ass. Wann eng Persoun Antikierper huet géif dat awer net heeschen, datt si Immun wier, erkläert den Thomas Dentzer. D'Maxi Pesch mat Detailer.