arrow_back_ios
Aktuelles
Dräi Kandidaten an d'Sich nom Profil
Zéng Méint sinn et elo hier, datt d'CDU-Parteicheffin Annegret Kramp-Karrenbauer hire Réckzuch vun der Parteispëtzt annoncéiert huet. Um Ufank vum Joer hat d'Annonce déi gréisst, däitsch Partei an eng Kris geheit - an där se, op d'mannst personell, nach ëmmer stécht. Elo huet d'CDU awer en Datum festgeluecht, op deem en neie Parteichef gewielt gëtt. De Walkampf, dee vill méi ass wéi just eng Personalfro, ass lancéiert.