arrow_back_ios
Aktuelles
"Sinn dat gutt investéiert Suen?"
Et gi vill verschidde Steieravantagë fir Immobilieninvestisseuren. Eleng wéinst dem "Taux d'amortissement accéléré" verzicht de Staat all Joers op Recetten an Héicht vu ronn 50 Milliounen Euro. Dee Chiffer nennt de Finanzminister Pierre Gramegna an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum Yves Cruchten. Am Gespréich mam Pia Oppel erkläert den Deputéierten an LSAP-Parteipresident firwat hien dës Steiererliichterung kritesch gesäit: