arrow_back_ios
Commentaire
Macron - de jonke President
De franséische Staatspresident Emmanuel Macron huet sech virum Weekend vum Jugend-Medium Brut interviewe gelooss. Méi wi zwou Stonne gouf de Macron iwwert quasi all kontroverst Thema befrot: Lauter Sujeten, déi d'franséisch Jugend momentan interesséieren. De President huet domadder zur richteger Zäit de richtege Geste gewisen, fënnt eise Paräis-Korrespondent Léonardo Kahn an der Auslandschronik.