arrow_back_ios
Klassik aktuell
Eng nei Stëmm am Norden
Fir an Zäiten, wou Chéier uechter d'Land e ganz schwéiere Stand hunn, een neie Vokalensembel op d'Been ze stellen, do brauch ee schonn eng Portioun Courage. Am Conservatoire du Nord zu Ettelbréck hu se dee Schrëtt gewot, an de Projet NordVox lancéiert - e Jugendchouer, deen och schonn een éischten Optrëtt hat a sech net vun der Maskeflicht an den Distanzreegele vum Sangen ofhale léist. Mir hu mam Matthias Rajczyk, Responsabele vun der Chouerschoul an Dirigent vun NordVox, iwwer d'Objektiver vun deem neie Projet geschwat.