arrow_back_ios
Aktuelles
Immobilieprêten: Impakt vu Covid-19 ass limitéiert
Duerch d'Covid-19-Pandemie kréie virun allem d'Beschäftegt aus dem Horesca-Secteur an der Industrie méi Problemer hir Immobiliekreditter zeréckzebezuelen. Den Impakt vun der Kris op de Lëtzebuerger Hypothéikemarché insgesamt ass awer zimmlech limitéiert. Dat hu Chercheure vun der Uni Lëtzebuerg an dem Statec an enger rezenter Etüd erausfonnt. D'Michèle Sinner huet sech mat hinnen ënnerhalen.