Aktuelles
Ongewëss Wantersaison
Dëse Mëttwoch, also an zwee Deeg, wëllt déi éisträichesch Regierung hir Pläng a punkto Schitourismus presentéieren. Hei soll d'Fro gekläert ginn, op d'Pisten nach virun de Feierdeeg kënnen opgoen. Eng Rei Regierungen, dorënner déi an Italien, Däitschland a Frankräich, hate jo gefuerdert, wéinst dem Coronavirus EU-wäit bis den zéngte Januar keng Schigebidder opzespären. Mee och wann Éisträich dëse Wee net well matgoen, ass ganz ongewëss, ob de Schibetrib an der Alperepublik wäert kënne stattfannen. Eng Korrespondenz vum Stephan Polet.