arrow_back_ios
Aktuelles
"D'Corona-Mesurë schuede besonnesch deene Vulnerabelsten"
Am Ufank vun der Corona-Pandemie gouf den eetheschen a soziale Volet an den Alters- a Fleegeheemer vernoléissegt. Dat war eng vun de Conclusiounen an der Emissioun Riicht eraus, an där den Impakt vun der Corona-Pandemie op al Leit de Sujet war.
Déi gréissten Erausfuerderung wier et den Equiliber ze fannen tëschent dem néidege Schutz an der néideger Fräiheet vun ale Leit, esou déi véier Invitéen. An doriwwer misst elo diskutéiert ginn. D'Maxi Pesch mat enger Zesummefaasung vun der Diskussioun