arrow_back_ios
Commentaire
Geschichtsrevisionismus an antidemokratesch Bestriewungen
An Däitschland kurséiert zanter dem Weekend den Numm "Jana aus Kassel" an de soziale Medien. Déi jonk Studentin hat sech op engem Anti-Corona-Protest mat der Widderstandskämpferin Sophie Scholl verglach an huet dofir vill Hohn a Spott missen astiechen. De Problem reecht awer däitlech méi wäit ewéi dësen domme Verglach, dohannert verstoppt sech eng antidemokratesch Taktik, seet eisen Däitschland-Korrespondent Max Tholl a senger Chronik.