Aktuelles
Nei Corona-Mesuren am Sport: Kritik vum COSL
Wann d'Chamber déi nei Restriktiounen am Kampf géint d'Corona-Pandemie de Mëtteg stëmmt, da wäerten et vu muer un - a fir 20 Deeg - och weider Restriktiounen am Sportsberäich ginn.
Sportsetablissementer sollen nees mussen zoumaachen, an Aktivitéite mat méi wéi véier Sportler solle verbuede sinn. Sportsinfrastrukturen dobausse sollen opbleiwen an d'Installatioune vun der Coque bleiwe just fir Elittesportler op. Sports-Infrastrukturen am Sall an d'Schwämme kënnen nach fir de Schoulsport genotzt ginn.
De Comité Olympique et Sportif Luxembourgeois COSL gesäit déi geplangte Verschäerfung vun de Mesurë kritesch. Et géif iwwert d'Zil eraus geschoss ginn, seet de President André Hoffmann. Hien hätt sech méi eng differenzéiert Approche gewënscht.
Dir héiert e Bäitrag vum Serge Kesseler.