Den John F. Kennedy ass zwar net deen eenzegen amerikanesche President, dee wärend senger Amtszäit ëmbruecht gouf, mee bei Wäitem dee bekanntsten, just de Mord um Abraham Lincoln ass geneesou bekannt.
Mee geneesou bekannt wéi de Mord um JFK am Joer 1963 war de Mäerder selwer, de Lee Harvey Oswald, och wann et bis haut Verschwörungstheorië ginn, datt de President vun engem aneren ëmbruecht gouf. An dat ass haaptsächlech well den Oswald dat selwer behaapt huet. Bei senger Festnam nach um selwechten Dag vum Attentat an engem Kino zu Dallas huet hie Journalisten zougeruff: "Ech hunn iwwerhaapt keen ëmbruecht! Ech si just e Patsy, also een, dee fir eppes muss hierhalen, wat e guer net gemaach huet.
Zwee Deeg nom Mord um JFK sollt den Oswald de 24. November 1963, also haut viru 57 Joer, vum Policebüro an de Prisong an Untersuchungshaft bruecht ginn. Mee do sollt hien ni ukommen. Nach virum Policegebai gouf de Mäerder vum President selwer erschoss, an de Bauch, vum Jack Ruby, engem lokalen Nightclub-Besëtzer, mat Verbindungen zu der organiséierter Kriminalitéit.
Dofir koumen och do nees séier Verschwörungstheorien op, datt de Ruby op Uerder vum CIA an der Mafia den Oswald ëmbruecht hätt. D'Wourecht ass awer villméi, datt de Jack Ruby einfach, wéi esouvill Amerikaner, immens betraff vum Mord um President war an op eege Fauscht de Mäerder wollt bestrofen.