Klipper ass den Numm vun enger ganz bestëmmter Zort vu Schëff. Klippere ware Schëffer, déi besonnesch am 19. Joerhonnert vill an den Asaz koumen, dat well d'Vitess hiert Markenzeeche war. Eng Vitess, déi se duerch déi sëllege Seegelen an hir schmuel Form kruten.
Klipper goufen deemools extra fir deen ëmmer méi groussen transatlanteschen oder transkontinentalen Handel gebaut, zum Beispill op der Mieresstrooss tëschent Groussbritannien a China, op där virun allem Téi esou séier wéi méiglech sollt transportéiert ginn oder vu New York op San Francisco, fir déi hoffnungsvoll Goldgriewer séier op nei Plazen ze bréngen, wou Gold fonnt gouf.
Och d'Hollänner hu wärend deem Joerhonnert Klippere gebaut, fir Leit an och Téi séier op hir Kolonie Java ze kréien. Wéi dunn 1866 den Englänner Alfred Holt der Welt en Dampschëff presentéiert huet, dat net nëmme méi séier wéi d'Klippere war, mee och méi konnt transportéieren, gouf d'Enn vun deene séiere Seegelschëffer definitiv agelaut.
A wéi dunn e puer Joer drop, 1869, de Suez-Kanal fir Dampschëffer opgemaach gouf, wollt scho guer kee méi e Klipper op déi vill méi laang Mieresroute ronderëm de südafrikanesche Kap vun der gudder Hoffnung schécken.
Den 23. November 1869 ass dee leschte Klipper, deen haut nach existéiert, an d'Mier gaangen, dat an der Werft am schotteschen Dumbarton. An haut kann een d'Cutty Sark am Londoner Quartier Greenwich bewonneren, zwar net méi am Waasser, mee niewendrun u Land.