arrow_back_ios
Aktuelles
Berliner Mietendeckel géint den Immobiliewansinn
E Méindeg geet de Berliner Mietendeckel a seng zweet Phas: vun do u si Loyeren, déi iwwer engem gewësse Grenzwäert léien, verbueden. D'Gesetz ass e radikalen an eenzegaartege Versuch, den Immobiliemaart ënner Kontroll ze bréngen a bezuelbare Wunnraum ze schafen. Nach muss d'Gesetz awer sëlleg Hürden huelen, seet eise Berlin-Korrespondent Max Tholl.