Aktuelles
Budget vun der Gesondheetskeess
D'Corona-Pandemie belaascht d'Gesondheetskeess staark: fir dëst Joer gëtt nëmmen nach mat engem liichten Iwwerschoss vu 6,7 Milliounen Euro gerechent: dat no der geplangter finanzieller Bedeelegung vum Staat vun 386 Milliounen Euro un de Mesurë wéinst der sanitärer Kris: Mesuren, déi d'CNS virfinanzéiert hat.
Fir 2021 gëtt mat engem finanziellen Desequiliber vu ronn 108 Milliounen Euro bei der Gesondheetskeess gerechent: d'Recettë ginn also net méi duer, fir d'Depensen ze decken. Vum nächste Joer u muss also op d'Reservë vun der Gesondheetskeess zeréckgegraff ginn. Dat huet de Sozialminister Romain Schneider (LSAP) no der Reunioun vun der Hierscht-Quadripartite gëschter ugekënnegt.
D'Joer 2019 konnt mat engem Iwwerschoss vun 102 Milliounen Euro ofgeschloss ginn.
Weider Detailer mam Serge Kesseler