arrow_back_ios
Aktuelles
Frankräich: d'Pressefräiheet a Gefor?
A Frankräich suergt eng ëmstridde Gesetzesreform fir Onrouen. Mat der Sécurité Globale soll an Zukunft d'Verëffentlechung vu Biller vu Poliziste verbuede ginn. Dat reegt vill Journalisten an Aktivisten op - si gesinn doranner eng Verletzung vun der Pressefräiheet. Den Dënschdeg gouf a ville Groussstied dogéint demonstréiert. Eise Paräis-Korrespondent Léonardo Kahn war fir eis dobäi an huet mam Affekot Arié Alimi geschwat.