arrow_back_ios
Commentaire
AfD: de politeschen Aarm vun den Antidemokraten
Gëschter gouf am däitsche Bundestag d'Reform vum sougenannten Infektionsschutzgesetz gestëmmt. Begleet gouf den Debat am Parlament vu massivem Querdenker-Protest virun den Dieren. Déi rietspopulistesch AfD soll souguer e puer Demonstranten an de Bundestag erageschleist hunn, fir d'Politiker ze intimidéieren. D'Partei huet nees bewisen: si ass de politeschen Aarm vun den Antidemokraten, seet eisen Däitschland-Korrespondent Max Tholl a senger Chronik.