arrow_back_ios
Commentaire
Jean-Luc Mélenchon trëtt als Kandidat 2022 un - "Le Fossoyeur"
Deen éischte Kandidat vun der Gauche fir déi nächst Presidentschaftswal a manner wéi zwee Joer a Frankräich steet fest. De Jean-Luc Mélenchon, Grënner vun der Partei La France Insoumise, huet lescht Woch um Sender TF1 seng Kandidatur bestätegt, nodeems hien online 150.000 Ënnerschrëfte gesammelt huet. Domadder stierft déi lescht Hoffnung op e gemeinsame Kandidat aus dem lénks-demokratesche Spektrum, stellt eise Paräis-Korrespondent Léonardo Kahn fest.