Aktuelles
D'Reaktioun vun der Oppositioun op eventuell nei Mesuren
Fir de Fall, wou d'Infektiounszuele sech net géife verbesseren, huet d'Regierung also gëschter nei Corona-Restriktiounen an Aussiicht gestallt. Déi entspriechend Texter goufen an der Chamber deposéiert. D'Deputéiert wäerte sech elo un d'Aarbecht maachen, de Staatsrot och, fir datt déi gesetzlech Dispositiounen ënner Ëmstänn schonn ufanks der nächster Woch kënnen am Plenum gestëmmt ginn.
De Maurice Molitor huet bei der parlamentarescher Oppositioun nogefrot, wéi si engersäits zu der proposéierter Demarche, an anerersäits inhaltlech zu den eventuelle neie Mesurë steet.