arrow_back_ios
Aktuelles
Nei Anti-Terror-Gesetzer no Attack zu Wien
Zwou Wochen no der terroristescher Attack zu Wien versicht déi éisträichesch Police weider d'Ëmstänn ze klären. Géint 21 méiglech Mattäter gëtt ermëttelt, zéng dovu setzen an Untersuchungshaft. Den Ugräifer selwer gouf bei dem Attentat vun der Police erschoss. Fir esou Attacken an Zukunft ze verhënneren, wëllt d'Regierung zu Wien elo d'Gesetzer verschäerfen. Dat trëfft awer op Kritik. Dozou vu Wien eng Korrespondenz vum Stephan Polet