Commentaire
"Hutt dir soss näischt ze dinn?"
Datt d'CSV net méi d'accord ass fir d'Onofhängegkeet vum Parquet an der Verfassung ze verankeren, geet op de Sträit tëschent CSV-Deputéierten an der Procureure générale Martine Solovieff ëm d'Datebanke bei der Justice zeréck. Dat huet der CSV hire Spriecher a Verfassungsfroen, den Deputéierte Léon Gloden, antëschent an Interviewen am Wort an hei op der Antenn zouginn.
A sengem Kommentar mengt d'Michèle Sinner, et wier keng Reklamm fir déi gréisst Oppositiounspartei, wa se, amplaz dem Parquet, perséinleche Rancunë Verfassungsrang wëllt ginn.