arrow_back_ios
Aktuelles
Corona zu Lëtzebuerg: Stabiliséierung op héijem Niveau
Och haut huet d'Regierung nach keng nei Mesure géint de Coronavirus decidéiert: Et bleift also bis op Weideres bei der Ausgangsspär an der Limitéierung op véier Kontakter. D'Regierung huet rezent widderholl, datt se d'Entwécklung vun der Epidemie genee am Ae behält. D'Corona-Epidemie stabiliséiert sech zu Lëtzebuerg op héijem Niveau an d'Regierung kéint zu all Moment nei Restriktiounen decidéiere wann d'Zuelen nees klammen, esou d'Analyse vum 100,7-Chefredakter Jean-Claude Franck.