arrow_back_ios
Aktuelles
Justiz-Reform a Verfassung: Greco gëtt der CSV d'Schold
De Greco, de Grupp vu Staaten géint d'Korruptioun beim Conseil de l'Europe huet a sénge lëschte Rapporten iwwer Lëtzebuerg net just keng Fortschrëtter, mee esou guer Réckschrëtt festgestallt. Dat huet mat deer am lëschte Moment vun der CSV gekippter grousser Verfassungsreform ze dinn. An der Fro vun der Onofhängegkeet vum Parquet. D'Justizministerin Sam Tanson deelt d'Meenung vum Greco, datt eng onofhängeg Justiz wichteg wier.