De Leon Trotsky huet, genau wéi säi fréiere Kumpan Lenin, eng wichteg Roll an der Geschicht vum politesche Kommunismus gespillt. Den Trotsky gouf de 7. November 1879 an der haiteger Ukrain als Lev Davidovitch Bronstein gebuer. Hien koum aus enger relativ guttsituéierter jüddescher Bauerefamill, déi sech et konnt erlaben dee klénge Lev am Alter vun 8 Joer op Odessa op eng däitschsproocheg Schoul ze schécken. Mee no der Russescher Revolutioun, wou hien zu enger vun de wichtegste Persounen an der Partei opgestigen ass, ass de Leon Trotsky ëmmer méi op déi falsch Säit vum Josef Stalin geroden. Den Trotsky an seng Sympathisante goufe lues a lues aus der Kommunistescher Partei erausgedrängt. Fir d'éischt aus dem Zentralcomité, a schlussendlech, den 12t. November 1927, haut virun 93 Joer, ganz aus der Partei. Déi meescht vu senge Kolleegen hunn sech beim Stalin wéinst hiren ideologeschen Ausschwäifungen entschëllegt, fir nees an d'Partei kënnen integréiert ze ginn. Den Trotsky awer net. Hien hält un senger Oppositioun fest. Mais elo ass hie "Persona Non Grata" an där neier Sowjetunioun. Do hëlleft et also och net, dass hien sech bis an deen entleeënsten Eck vum Land, op Alma-Ata, dem haitegen Almaty, exiléiert. De Stalin wëll hien eraus, aus dem Land. Also muss de fréiere Leader vun der Russescher Revolutioun sech Ugangs-1929 mat Fra a Kand an der Tierkei néierloossen. Rou huet hie weder do fonnt, nach op all deenen anere Plazen op déi hie virun dem Stalin senge Killer huet misste flüchten. Bis dass dës hien 1940 schlussendlech a Mexiko ëmbruecht hunn.
arrow_back_ios
Dagdeeglech
Virun 93 Joer: Trotsky gëtt aus Kommunistescher Partei expulséiert
Lauschteren
play_arrow
headphones
4 min