Wien als Tourist Bréissel besicht huet, war sech bestëmmt och de Manneken Pis ukucken, där klenger Statue vun engem plakege Bouf, dee pisst, direkt nieft der Grand-Place. Schonn am Joer 1451 gouf déi weltbekannt Statue an der belscher Haaptstad installéiert als Symbol fir de Geescht an de Witz, fir deen d'Bréisseler bekannt sinn. E puer Mol ass d'Statue geklaut ginn, besonnesch am 20. Joerhonnert. Eemol war dat haut viru genau 55 Joer, also den 10. November 1965...den Déif, oder d'Déiwen, haten dee klénge Bouf aus Bronze därmoosse rabiat lassgerappt, dass d'Féiss an Deeler vun de Feeschten nach um Sockel stoungen. Méintlaang gouf duerno gesicht, ouni Erfolleg. Bis dass déi belsch Zäitschrëft "De Post" an anonymmen Uruff krut, an deem erkläert gouf, dass de Manneken Pis am Kanal vu Charleroi géif leien. An tatsächlech: Daucher hunn se fonnt! D'Statue gouf zeréck an d'Haaptstad bruecht, wou se dës Kéier awer net méi op déi Original-Plaz fixéiert gouf mee an de Musée vun der Stad Bréissel, an enger Présentatiouns-Këscht aus Glas. An dofir ass de Manneken Pis, deen een haut op der Kräizung vun der Rue du Chêne mat der Rue de l'Étuve gesäit, net méi den Original aus dem Joer 1619, mee eng identesch Kopie. Wien d'Statue haut viru genau 55 Joer geklaut huet, hunn déi belsch Autoritéite bis haut ni erausfonnt.
arrow_back_ios
Dagdeeglech
Haut viru 55 Joer: Manneken Pis geklaut
Lauschteren
play_arrow
headphones
3 min