Aktuelles
Virschau op eng laang amerikanesch Walnuecht
6 min
Den 3. November ass Waldag an den USA. No véier Joer Donald Trump am Wäissen Haus entscheeden d'Amerikaner op de President soll duerch de fréiere Vize-President Joe Biden ersat ginn. Béid Männer an hir Vize-Presidentschafts-Kandidate reesen op dësem leschten Dag duerch déi wichteg Staaten, wou dës Wale vläicht schonn e Mëttwoch de Moie Lëtzebuerger Zäit entscheet ginn. Vläicht, wëll dës Wale sinn anescht, wéi al aner an der Geschicht vun den USA.
Eise Washington-Korrespondent Philip Crowther erzielt eis, op wat mir eis kënne virbereeden.