arrow_back_ios
Aktuelles
Situatioun an der Belsch
Déi sanitär Situatioun ronderëm de Covid-19 ass europawäit kritesch. Spuenien huet en Ausnamezoustand dekretéiert, Däitschland mécht Caféen a Restauranten zou, a Frankräich confinéiert seng Populatioun fir wéinstens véier Wochen. Mee wéi gesäit et da bei eisen Noperen an der Belsch aus? Do soll jo d'Situatioun déi schlëmmsten an Europa sinn, wéinstens emol an der Wallonie. Mir schwätze mat eisem Korrespondent an der Belsch, dem Georges Kohnen.