Aktuelles
Mëtt Oktober hätt ee missen alarméiert sinn
Hätt d'Regierung éischter missen nei Restrictiounen decidéieren? Si hätt op alle Fall éischter misse gesinn, datt et ee Problem bei den eelere Leit gëtt, äntwert dorobber Claude P. Müller. Zënter Enn September war d'Hausse vu Corona-Fäll bei den iwwer 60 Joer ale Leit méi markéiert ewéi déi an aneren Alterskategorien.
Zu den neie sanitäre Mesuren, déi elo decidéiert goufen, proposéiert hien eng nuancéiert Analys: Mat Ausnam vun engem Lockdown, kéinte sanitär Restrictioune zur Bekämpfung vun der Corona-Pandemie weder präzis nach komplett kohärent sinn. Zil misst et sinn déi sozial Kontakter gesamtgesellschaftlech méiglechst staark genuch ze reduzéieren a gläichzäiteg d'Kollateralschied op ee Minimum ze reduzéieren. D'Pia Oppel huet sech mam Fuerscher vum Luxembourg Institute of Health iwwert dëse schwierege Spagat ënnerhalen.