Concert Euroradio
Akademie für Alte Musik Berlin
Am Ufank vum 18. Joerhonnert war de Barock an Italien op engem Héichpunkt gelant. D'Stied Neapel a Venedeg waren déi grouss Konkurrenten, wat d'Musekskonscht ubelaangt. Zu Neapel huet den Alessandro Scarlatti als de grousse Meeschter gegollt. Zu Venedeg war et éischter den Antonio Vivaldi, deen d'Musekswelt gepräägt huet.
Am Kader vun de Bach Wochen 2020 zu Thun ass d'Akademie für Alte Musik Berlin opgetruede mat Wierker vun Alessandro Scarlatti, Antonio Vivaldi, Johann Sebastian Bach an Giovanni Battista Pergolesi.
Akademie für Alte Musik Berlin. Direktioun: Bernhard Fonck. Sopran: Robin Johannsen.