arrow_back_ios
Aktuelles
Zukunft vum Modell vun de Foiren
Ee vun de Secteuren, deen international ënner der Corona-Kris leit, ass dee vun de Foiren. Luxexpo The Box hat d'lescht Joer eng 450.000 Visiteuren. Dëst Joer rechent ee mat just 160.000 Gäscht. Verschidde Foirë sinn ausgefall, anerer zéie wéinst de sanitäre Mesurë manner Leit un. Fir d'Visiteuren, déi op eng Foire ginn, ass dat awer net ëmmer vun Nodeel. Dat weist dëse Reportage vum Isabel Scott.